D’Konditioune fir ze wielen
Erfëllt Dir all d’Krittäre fir wielen ze goen?
Erfëllt Dir all d’Krittäre fir wielen ze goen?
D’Europäescht Parlament, déi eenzeg gewielt europäesch Institutioun, vertrëtt méi wéi 500 Millioune Bierger aus de 27 Memberstaaten. 720 Deputéiert gi gewielt, dorënner 6 lëtzebuerger Vertrieder.
Dem Parlament säi Sëtz ass zu Stroossbuerg a Frankräich, wou d’Plenarsëtzungen ofgehale ginn. D’Kommissiounen, wéi och ee puer zousätzlech Plenarsëtzungen, ginn zu Bréissel an der Belsch ofgehalen. D’Generalsekretariat ass zu Lëtzebuerg baséiert.
D’Europäescht Parlament (EP) deelt mam Conseil vun der Europäescher Unioun d’legislativ Muecht vun der Unioun (duerch d’Aféierung vu Reglementer an Direktiven) a bal alle Beräicher. Zesumme mam Conseil adoptéiert oder ännert d’Parlament d’Virschléi, déi vun der Kommissioun kommen.
D’Europäescht Parlament huet och eng Kontrollmuecht iwwer d’Europäesch Kommissioun an eng Budgetsmuecht, wat dora resultéiert dat d’Parlament dat lescht Wuert zum Budget vun der Europäescher Unioun huet.
D’EU huet nëmmen déi Kompetenzen, déi an de Verträg definéiert sinn. Ausserdeem ënnerscheede sech d’Kompetenzen, wéi an den Ofkommen definéiert, vun engem Gebitt zum anerem. A verschiddene Beräicher kann nëmmen d’EU bindend Entscheedungen huelen: dat sinn exklusiv Kompetenzen. An dëse Fäll kënnen d’Staaten just zesummen op europäeschem Niveau handelen (meeschtens iwwert de Conseil vun der Europäescher Unioun). Beispiller vun dëse Fäegkeete sinn hei ënnendrënner opgezielt.
An 13 Beräicher gëtt d’Kompetenz tëschent der EU an de Memberstaaten gedeelt. Fir erauszefannen, wie vun deenen zwee decidéiert, gëtt vum Prinzip ausgaangen, datt d’EU nëmmen Prioritéit hëlt, wann hir Moossname méi effektiv ugesi ginn wéi déi vun de Memberstaaten. Dat ass awer net ëmmer einfach an de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun muss dacks d’Situatioun klären. Mir hunn déi 13 Kompetenzen hei ënnen opgezielt.
Di drëtt wichteg Aart vu Kompetenze di d’Europaparlament huet ass d’Ënnerstëtzungskompetenz. Dës betrëfft Beräicher an deenen d’EU nëmmen intervenéiere kann fir d’Aktioune vun de Staaten ze ënnerstëtzen, ouni hir Gesetzer a Reglementer unzegläichen. Dat ass zum Beispill an de Beräicher vun der Kultur, der Gesondheet an der Educatioun de Fall.
Schlussendlech huet d’Europäesch Unioun spezifesch Kompetenzen am Domaine vun der gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik (CFSP): All Staat behält seng eege Souveränitéit an dësem Beräich, mee d’EU verfüügt iwwert ee Kader fir d’Aktioune vun de Memberstaate besser ze koordinéieren.
Ee Kräiz (+ oder x) an de Krees ganz uewen op enger Lëscht ze setzen. An dësem Fall gëtt de Wieler automatesch eng Stëmm u jiddwer Kandidat op dëser Lëscht.
oder
Eng oder zwou Stëmmen un d’Kandidate vu sengem Choix ze ginn, andeems hien ee oder zwee Kräizer (+ oder x) an d’Këschte hannert de Numm vun dëse Kandidate setzt, bis de Wieler di total Zuel vun de Stëmmen di hie verdeele kann erreecht huet (6). D’Kräizer kënnen op enger oder méi Lëschte gemaach ginn. Dat nennt een zu Lëtzebuerg “Panaschéieren”.
Wal vun enger Lëscht
An dësem Beispill hutt Dir 1 Stëmm u jiddwer Kandidat op der Lëscht ginn. Dir kënnt keng weider Stëmm verdeelen.
Nominell Wal
An dësem Beispill hutt Dir 1 oder 2 Stëmmen un d’Kandidate vun Ärem Choix ginn (“panaschéieren”). Dir hutt maximal 6 Stëmmen fir ze verginn.
Sidd Dir prett fir d’europäesch Walen?
Iwwerpréift Äert Wëssen iwwer d’europäesch Wale mat dësem Multiple-Choice-Test. (Méi wéi eng Äntwert ass méiglech.)
Kennt Dir d’Ënnerscheeder tëschent den exklusive Kompetenze vum Nationalstaat a deenen déi gedeelt ginn mam europäesche Parlament?
Wësst Dir wéi Dir bei den Europawalen richteg wielt?
Iwwerpréift Äert Wëssen!
Dir kënnt:
ODER
6 Deputéiert sinn ze wielen, also hutt Dir 6 Stëmmen