D’Konditioune fir ze wielen
Erfëllt Dir all d’Krittäre fir wielen ze goen?
Erfëllt Dir all d’Krittäre fir wielen ze goen?
No de Chamberwale muss sech eng Majoritéit vun enger oder méi Parteien an der Chamber vun den Deputéierte bilden fir eng Regierung ze etabléieren.
Aus dëser Majoritéit wielt de Groussherzog ee Premier-Minister, den amstand muss sinn eng Regierung zesummenzestellen, di d’Ënnerstëtzung vun der parlamentarescher Majoritéit huet.
Et huet nach keemol eng minoritär Regierung zu Lëtzebuerg ginn.
Zu Lëtzebuerg gëtt et 4 Walbezierker: den Norden, den Zentrum, de Süden an den Osten. D’Zuel vun den Deputéierten di an all Bezierk gewielt ginn, ass ofhängeg vun den Awunner am Bezierk an am Gesetz festgeluecht.
Ee Kräiz (+ oder x) an de Krees ganz uewen op enger Lëscht ze setzen. An dësem Fall gëtt de Wieler automatesch eng Stëmm u jiddwer Kandidat op dëser Lëscht.
oder
Eng oder zwou Stëmmen un d’Kandidate vu sengem Choix ze ginn, andeems hien een oder zwee Kräizer (+ oder x) an d’Këschten hannert de Numm vun dëse Kandidate setzt, bis hien di total Zuel vun de Stëmmen di hie verdeele kann erreecht huet. De Wieler kann esou vill Stëmme verdeelen, wéi et Kandidaten a sengem Bezierk ze wiele gëtt.
D’Kräizer kënnen op just enger oder ee puer Lëschte gemaach ginn.
De lëschte Fall gëtt zu Lëtzebuerg “ Panaschéiere ” genannt.
Dir wunnt beispillsweis zu Wormer, enger Gemeng, di sech am ëstleche Bezierk befënnt. Dir kënnt dofir 7 Stëmme verdeelen.
Wal vun enger Lëscht
An dësem Beispill hutt Dir 1 Stëmm un all Kandidat op dëser Lëscht ginn. Dir kënnt keng weider Stëmm verdeelen.
Nominell Walen
An dësem Beispill hutt dir 1 oder 2 Stëmmen un d’Kandidate vun Ärem Choix ginn. (“Panaschéieren”) Dir hutt d’Méiglechkeet esou vill Stëmmen ze verdeelen, wéi Deputéierten aus Ärem Bezierk virgesi sinn. (Hei sinn et 7.)
Sidd Dir prett fir d’Chamberwalen?
Iwwerpréift Äert Wëssen iwwer d’Chamberwale mat dësem Multiple-Choice-Test. (méi Äntwerten méiglech)
Kenn Dir d'Kompetenze vun der Chamber?
Verdeelt d’Kompetenzen an d’Urn vun der richteger Instanz:
D'Parlament/Chamber huet folgend Kompetenzen:
Wësst Dir wéi Dir bei de Chamberwale richteg wielt?
Iwwerpréift Äert Wëssen!
Klickt w.e.g. op Är Gemeng a validéiert fir Zougang zum Walziedel ze kréien
Gitt w.e.g. Är Gemeng an a validéiert fir Zougang zum Walziedel ze kréien
Dir kënnt:
ODER